Elektresch Motorrieder sinn net gängeg op de Lëtzebuerger Stroossen. Wéi mir de Guy Achten, Patron vun Mastercraft, engem Betrib den sech op léieren vun Sproochen spezialiséiert huet, hannert dem Steier vun sengem neien Zwee-Wheeler begéint hun, konnten mir eis et net entgoe lossen hien ze froën.

Interview.

Dir sidd e begeeschterte Motorradsfuerer. Wéini hutt Dir Iech dofir begeeschtert?

Ech fueren aktiv Motorrad seit 2018 well ech virdru leider keng Garage hat an et an der Stad Lëtzebuerg schwiereg ass,

säi Motorrad dobaussen um Trottoir stoen ze loossen, virun allem wärend dem Wanter.

Wéi e Modell fuert Dir am Ament? Wéi vill hutt Dir am Ganzen? Wat sinn d’Ënnerscheeder tëscht Äre alen an neie Modeller?

Ech hu verschidde Motorrieder well e Motorrad beim Kaf net esou deier ass an och d’Fraisen net esou héich sinn, wéi z.B. d’Steieren an d’Assurance.

Wann Dir et verkaaft, verléiert Dir awer vill Suen, well Dir net vill fir e gebraucht Motorrad zréck kritt. Aus deem Grond halen ech se all.

Firwat hutt Dir en elektrescht Motorrad kaf? War et fir d’Ëmwelt ze schounen?

En elektrescht Motorrad ass wéi eng kleng Spillsaach.

Den elektresche Motor ass immens, immens staark a beschleinegt wéi eng Sportsmaschinn.

 

Leider ass d’Autonomie mat ongeféier 150 km nach immens limitéiert.

De Kaf vun engem elektresche Motorrad ka kaum aus ëmweltfrëndlechem Denke geschéien, well an der Batterie, an och am Motor,

Metaller, Mineralien a rar Äerde gebraucht ginn, déi an Entwécklungslänner ënner fierchterlechen Ëmstänn ofgebaut ginn.

Et gesäit een nach net vill elektresch Motorrieder op de lëtzebuerger Stroossen. Mengt Dir, et missten der méi ginn?

Am Ament ass d’Autonomie de Schwaachpunkt vun den elektresche Motorrieder.

Eng Recharge dauert tëscht 30 Minutten an enger Stonn, fir eng Reechwäit vun 150 km.

Tanken op denger Tankstell dauert manner wéi eng Minutt fir eng Autonomie vun 300 km.

D’Luede muss méi séier ginn, firdatt déi breet Gesellschaft d’elektresch Mobilitéit akzeptéiert.

Wat huet Iech zu Yellow gefouert? Är gemeinsam Leidenschaft mam David oder…

Den David ass e Frënd, mir kennen eis elo scho bal 15 Joer a schaffe reegelméisseg zesummen.

D’Aarbecht vu Noosphere war ëmmer tadellos an dat, well hiren Direkter e Perfektionnist ass an nëmmen déi bescht Leit bei him schaffen.

Wat denkt Dir vu Yellow ?

Frot den David (LOL)

An elo, no Ärem Gespréich mam David, huet Är Meenung geännert?

Mam David als neien Direkter kann et just besser ginn.

Schwätzt e bëssche vu Mastercraft, senger Geschicht an de Perspektive fir d’Zukunft.

D’Geschicht vu Mastercraft ass wéi déi vu Noosphere: Eng Success Story.

Mir hunn 2007 ugefaang a sinn haut e landeswäit unerkannten Acteur am Beräich vun de Sproochen.

Mir schaffe mat ville Societéiten zesummen, awer och mam Staat, virun allem fir d’Lëtzebuergesch Coursen an de Spideeler.